Activités & manifestations
13 octobre 2024
2024-10-12 22:00:00+00:00 09:15 23:59Journée de la Commémoration nationale
SHARE
Informations générales
Date et horaire : 13.10.2024 09:15
E Sonnden, den 13. Oktober 2024, gëtt duerch eng „Journée de la Commémoration Nationale“ un de Widderstand erënnert, deen d’Lëtzebuerger Vollek wärend der Besatzung an de Joren 1940 bis 1945 geleescht huet.
D‘Awunner vun der Gemeng Kielen schléissen sech de Feierlechkeeten un, fir un d‘Resistenz am Krich ze erënneren.
Déi feierlech Gedenkmass ass um 9:15 Auer zu Kielen an der Kierch.
No der Mass gëtt eng Gerbe néiergeluecht an d‘Musek Keespelt-Meespelt spillt d’Sonnerie aux Morts an d’Heemecht.
D’Awunner an d’Veräiner vun der ganzer Gemeng si frëndlechst gebieden d’Fändelen eraus ze hänken.