Nature et Biodiversité Environnement Actualité
Publié le 29 juillet 2024

SICONA ¦ Wëllplanzesom Lëtzebuerg an Ärer Gemeng!

Dir wëllt eis heemesch Biodiversitéit ënnerstëtzen? Dat kënnt Dir schonns mat engem klenge Beet bei Iech doheem! Blummen a Kraider, déi natierlech bei eis virkomme si wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekten.

Dir huet d’Méiglechkeet bei eis an der Gemeng en Echantillon mat Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Geseems fir 1 m2 sichen ze komme (d’Quantitéit ass begrenzt) fir dëse Som an Ärem Gaart elo unzeséien, soudass Dir d’nächst Joer mat engem faarwege Gaart an d’Fréijoer starte kennt.

Fir méi grouss Fläche vu 25–50 m2 kennen 100 g Tute vun den dräi Mëschunge LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an Ärer Ëmgéigend kaaft ginn:

• Angelduerf, Barenbrug Luxemburg
• Bartreng, a.c.i.e.r. Luxembourg
• Bartreng, co-labor
• Colmer-Bierg, De Verband V Shop
• Diddeleng, Fondation Kräizbierg
• Dippech, Mon Jardin
• Kockelscheier, Haus vun der Natur
• Léiweng, De Verband V Shop
• Ollem, Naturschutzsyndikat SICONA
• Réiden op der Atert, Op der Schock
• Réiden op der Atert, Waasserhaus
• Steesel, Bamschoul Becker
• Useldeng, Tourist Info Wëlle Westen

Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatiounen zum Wëllplanzesom Lëtzebuerg fannt Dir op: www.wellplanzen.lu
Hei fannt Dir och eng Beschreiwung, wéi een d’Geseems richteg uséint a wouropper een oppasse soll.

All d’LUX-Mëschunge kënnen och a gréissere Quantitéiten am Web-Shop vun der Firma Rieger-Hofmann ënnert „Mischungen für Luxemburg“ (www.rieger-hofmann.de) oder bei Barenbrug Luxemburg kaaft ginn.

De Naturschutzsyndikat SICONA beréit Iech gäre fir déi richteg LUX-Mëschung auszewielen:

SICONA
12, rue de Capellen L-8393 Olm
T : (+352) 26 30 36 25
E : administration@sicona.lu


Wëllplanzesom Lëtzebuerg dans votre commune !

Vous voulez soutenir notre biodiversité locale? Alors, il suffit de créer un petit parterre chez vous! Fleurs et herbes naturellement présentes au Luxembourg sont des plantes nourricières essentielles à nos papillons et autres insectes indigènes.

Vous avez la possibilité de venir chercher un échantillon de semences de Wëllplanzesom Lëtzebuerg pour 1 m2 dans votre commune (la quantité est limitée). Semez ces graines dès maintenant pour profiter d’un jardin en floraison multicolore à partir du printemps prochain.

Pour une surface de 25–50 m2, trois mélanges LUX, « LUX-Blumenwiese » (fr. prairie fleurie), « LUX-Schotterrasen » (fr. pelouse fleurie en gravier) et « LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen » (fr. bande fleurie pour papillons), sont disponibles en sachets de 100 g auprès des partenaires suivants dans votre région:

• Bertrange, a.c.i.e.r. Luxembourg
• Bertrange, co-labor
• Colmar-Berg, De Verband V Shop
• Dippach, Mon Jardin
• Dudelange, Fondation Kräizbierg
• Ingeldorf, Barenbrug Luxembourg
• Kockelscheuer, Haus vun der Natur
• Livange, De Verband V Shop
• Olm, SICONA
• Redange-sur-Attert, Op der Schock
• Redange-sur-Attert, Maison de l’eau
• Steinsel, Bamschoul Becker
• Useldange, Tourist Info Wëlle Westen

Vous trouverez d’autres points de vente et de nombreuses informations supplémentaires sur Wëllplanzesom Lëtzebuerg sous : www.wellplanzen.lu.
Vous y trouverez également un mode d’emploi pour semer correctement les mélanges et les éléments à respecter.

Tous les mélanges LUX peuvent également être achetés en différentes tailles dans la boutique en ligne de l’entreprise Rieger-Hofmann ou chez Barenbrug Luxemburg.

Le Syndicat pour la conservation de la nature SICONA vous conseille volontiers dans le choix des mélanges appropriés.

SICONA
12, rue de Capellen L-8393 Olm
T : (+352) 26 30 36 25
E : administration@sicona.lu