Publié le 07 mars 2025
UNICEF Luxembourg ¦ Nous sommes #enroute

D’UNICEF fiert mat hirer Campagne « Porte à Porte » vum 10. - 15. Mäerz 2025 virun.
UNICEF Lëtzebuerg organiséiert an der Woch vum 10. Mäerz eng "Porte à porte"-Aktioun an der Gemeng Kielen. D'Organisatioun wëll d'Leit fir hier Aarbecht sensibiliséieren a se motivéieren, fir Donateur ze ginn. Et erkennt een d'Mataarbechter vun der UNICEF un hire Kleeder mam Unicef-Logo drop. Och hunn si eng Kaart fir sech ausweisen ze kënnen.
WICHTEG: zu kengem Moment gi boer Sue gefrot!
Et geet drëm, fir reegelméisseg Donateuren ze rekrutéieren. Eng Ënnerschrëft MAT DER HAND op der Tablett gëtt keng méi gefrot. Den Donateur ënnerschreift mat engem Stëft op der Tablett, oder den Donateur kritt e Verifizéierungsscode per SMS geschéckt, deen en dem UNICEF-Mataarbechter da viru gëtt fir seng Domiciliatioun z‘aktivéieren
Méi Informatiounen hei: www.unicef.lu
L’UNICEF poursuit sa campagne « porte à porte » du 10 au 15 mars 2025.
UNICEF Luxembourg organise dans la semaine du 10 mars une campagne de porte-à-porte sur le territoire de notre commune. L'organisation veut par ce moyen sensibiliser la population pour son travail et motiver les gens à devenir donateur. On reconnaît les collaborateurs 'UNICEF' à leurs vêtements portant le logo de l'organisation. Ils peuvent par ailleurs présenter une carte, prouvant leur appartenance à l'organisation aux gens.
IMPORTANT: les bénévoles ne demandent en aucun cas de l'argent liquide.
Il s'agit d'une campagne de recrutement de donateurs réguliers. Ils n'exigeront par ailleurs plus une signature MANUSCRITE sur la tablette. Le donateur apposera sa signature sur la tablette, mais avec un stylet. Ou bien, le donateur recevra un SMS avec un code de vérification qu'il communiquera au bénévole pour activer sa domiciliation.
Plus d'infos ici: www.unicef.lu